Visioun & Wäerter

EIS WÄERTER

Vertrauen, Lauschterbereetschaft, Stabilitéit, Erreechbarkeet, Respekt

Eis fënnef Kärwäerter garantéieren Iech déi nämmlecht Qualitéit wéi bei deene groussen internationale Gruppen um Maart, well si all eise geschäftleche Bezéiungen, intern an extern, zugronn leien.

  • Vertrauen
    Eis jorelaang Erfarung erlaabt et eis, deen idealen Agent fir Iech ze fannen.
  • Lauschterbereetschaft
    Eng qualitativ héichwäerteg Politik ass just méiglech, wa mir Iech nolauschteren, fir ëmmer ze wëssen, wat Dir braucht, an duerfir suergen, datt et och eise Mataarbechter gutt geet.
  • Stabilitéit
    D’Stabilitéit vun eisem Betrib baut op der Stabilitéit vun den Equippen um Terrain op, ma och op der Stabilitéit vun eiser Managementstruktur an der Aktionärsgrupp.
  • Erreechbarkeet
    Mir suergen derfir, datt Dir en Uspriechpartner fir Iech hutt an datt eis Mataarbechter op e Management kënnen zielen, dee fir si do ass.
  • Respekt
    Hei geet et ëm en objektiivt Verständnis an eng objektiv Kontroll vun den implementéierte Prozeduren, d’Wäertschätzung vun eisen Equippen an d’Berücksichtegung vun hirer perséinlecher Entwécklung.

Eis flexibel a personaliséiert Approche garantéiert Iech eng optimal Sécherheet. Eis horizontal Struktur erlaabt eis, séier, einfach an effizient op Är Besoinen ze reagéieren. D’Qualitéit vun eisen Déngschtleeschtunge gëtt all Mount vun eise Clienten an dem Contract-Manager evaluéiert. Dir gesitt Iech och eemol d’Joer mat eisem CEO Yves Bastin, well hien hält drop, um Terrain präsent ze sinn an de Kontakt mat den Agenten an de Clienten ze halen.

EIS PHILOSOPHIE

FACT huet sech op eng gesond an harmonesch Aart a Weis entwéckelt, well d’Entreprise ëmmer wéi e Familljebetrib gefouert gouf. Obschonns mer gewuess sinn an Erfolleg hunn, bleift de mënschlechen Aspekt ëmmer am Zentrum vun eisem Denken an Handelen. Bei FACT ass keen eng Nummer.

Den Erfolleg vun eiser Partnerschaft mam Client hänkt vun der Qualitéit vun eisem Personal of. D’Wuelbefannen an d’Motivatioun vun eise Mataarbechter läit eis duerfir besonnesch um Häerz.
Eist Zil ass, dës Relatioune permanent ze verbesseren an eis an allem un eis Philosophie ze halen: PERMANENT EEGESTÄNNEG POSITIV DENKEN. Positivt Denken ass d’Basis vun all eisen Handlungen, sief et bei eise Missiounen oder der Wiel vun eise Mataarbechter.

FACT ass e Betrib mat engem mënschleche Gesiicht an ass sech senger sozialer Roll a senger ökologescher Verantwortung bewosst. Fir eisen ökologesche Foussofdrock sou kleng wéi méiglech ze halen, hu mir eis fir en ëmweltfrëndleche Managementsystem entscheet; mat lokale Beienziichter si mir eng Partnerschaft fir de Schutz vun de Beien agaangen. Als Symbol an Erënnerung un dëst Engagement hu mer zwee Beiebicken am Gaart vun eisem Haaptsëtz an der Belsch opgestallt.