De FACT GROUP gouf 2001 vum Yves Bastin gegrënnt an ass am Beräich vun der Sécherheet (Sécherheet/Schutz, Empfang/Receptioun, logistesch Ënnerstëtzung) wéi och an der Ausbildung fir dës Aktivitéiten aktiv.
De FACT GROUP zielt ronn 800 Mataarbechter a steet domat op véierter Plaz an dësem Sektor an der Belsch (an op éischter Plaz als 100%eg belsche Betrib). D’Gesellschaftskapital gëtt exklusiv vu belschen Aktionäre gehalen, wat de Grupp vu sengen dräi Haaptkonkurrenten ënnerscheet, deenen hiert Kapital sech an den Hänn vun internationalen Investore befënnt.
Iwwer seng Struktur, ma och seng Firmekultur a -philosophie huet FACT sech seng Mentalitéit vun der ursprünglech klenger a mëttelstänneger Entreprise kënnen erhalen: no beim Client sinn, nolauschteren an erausfannen, wat hie brauch, flexibel sinn, fir senge Wënsch esou séier wéi méiglech nozekommen.
komplementär Betriber am Beräich vun de Sécherheetsdéngschtleeschtungen
Mataarbechter a 45 Formateuren, déi fir Iech do sinn
Aktiegesellschaft a Familljebesëtz
• FACT GROUP: Yves Bastin
Belsch :
Lëtzebuerg :