Als Grënner a Geschäftsführer huet hien eng zentral Plaz an der Struktur vu FACT. Hie weist sech um Terrain, trëfft sech mat de Clienten a gesäit och d’Mataarbechter bei den Evaluéierungsgespréicher. Den dynameschen a positiven CEO ass e Verfechter vum Prinzip vun der stänneger Verbesserung: Hien investéiert kontinuéierlech an d’Entwécklung vun de verschiddene Betriber. Seng Prioritéit ass natierlech de Wuesstem vu FACT, ma et ass him och wichteg, datt sech seng Mataarbechter wuelfillen a FACT seng Responsabilitéit an der Gesellschaft iwwerhëlt (CSR).
Hie war vun Ufank un derbäi an huet also och d’Grënnung an de Wuesstem vu FACT materlieft. Hien ass verantwortlech fir d’Finanze vun der Firma an der Belsch an zu Lëtzebuerg a beschäftegt sech aktiv mat der Entwécklungsstrategie vun de verschiddene Betriber.
An der Haaptsaach ass si verantwortlech fir den Ausbildungszentrum, dee si mat vill Erfolleg leet. Dernieft vertrëtt si FACT bei de ville Reunioune vun der APEG a bei den Evaluéierungsgespréicher mat eise Clienten. Zënter datt si bei eis ass, huet FACT TRAINING sech staark entwéckelt. Op hir Initiativ goufen nei Ausbildungen entwéckelt an an de Programm opgeholl.
Mat senger immenser Erfarung an de BtoB-Déngschtleeschtungen an der Belsch (Hertz, Hays, ELIS a Shred-It) koum hie virun e puer Joer bei FACT, fir de Wuesstem ze beschleunegen. Hien ass zoustänneg fir déi strategesch kommerziell Decisioune wéi och de reegelméissege Suivi vun eiser Verkafsequipe. Hien ass zum Deel och zoustänneg fir de Kontakt mat der Press.
Wärend senger bis ewell 15-järeger Tätegkeet am Sécherheetssektor als Responsablen op verschidden Niveauen huet hien eng Rei grouss Cliente betreit, wéi d’europäesch Institutiounen oder Standuerter vu multinationale Firmen. Hie soll FACT SECURITY zu Lëtzebuerg opbauen a vergréisseren. Hie schwätzt sechs Sproochen, dorënner Däitsch a Lëtzebuergesch.
Nieft den ëffentlechen a privaten Ausschreiwungen ass si och zoustänneg fir d’Implementéierung vun neie Kontrakter. Dernieft këmmert si sech ëm déi „grafesch Kommunikatioun“ (visuell Elementer, Intranet, sozial Netzwierker …).