Geschäftsféierung

De Grënner an CEO Yves Bastin inspiréiert och weiderhin d’Geschäftsféierung vu FACT. Si geet mat der Zäit, fir der Realitéit ëmmer kënne gerecht ze ginn, a baut an dëser Entwécklung op Transparenz, Verantwortungsgefill a géigesäitege Respekt. Well den Yves Bastin net wëlles huet, mam Betrib un d’Bourse ze goen, gi mer och net mat de Schwieregkeete konfrontéiert, déi dat mat sech géif bréngen: Et gi keng Aktionären, déi de Betrib finanziell ënner Drock kéinte setzen a vu sech ofhängeg maachen. Permanent Verbesserung ass de Motto vun der Firma: De Benefice gëtt all Joer an d’Qualitéitsverbesserung an d’Entwécklung vun der Entreprise gestach.

Wéi den Yves Bastin FACT gegrënnt huet, war seng Visioun déi vun engem gesonden, dynameschen a verantwortungsbewosste Betrib, ënner der Féierung vun engem responsablen a moderate Management, deem säin Haaptzil de Fortbestand vum Betrib ass. De Respekt, ee vun eise Wäerter, dréckt sech an engem géigesäitege Vertrauen aus an de Relatioune mat Mataarbechter, Fournisseuren, Clienten, Finanzinstituter, ëffentlechen Institutiounen an och Gewerkschaften an erméiglecht eis, ouni Komplikatiounen ze evoluéieren.

Transparenz ass dat, wourop d’Relatioune mussen opbauen. Si suergt derfir, datt d’Parteie sech géigesäiteg vertrauen. Transparenz ass d’Basis vum Vertrauen.
(Yves BASTIN)