Diversitéit

Mataarbechter

All eis Mataarbechter ginn no strenge Kriterien ausgewielt, dobäi zielen Éierlechkeet, Genauegkeet, Flexibilitéit a Kompetenzen. Bei eisem Sécherheetspersonal schätze mir och Qualitéiten ewéi Beherrschung, e Sënn fir Kommunikatioun, eng gutt Beobachtung an Diskretioun. Selbstverständlech hunn eis Mataarbechter en eidele Casier, wat eng Viraussetzung ass, fir den Agrement vum Ministère ze kréien. An eisem Ausbildungszentrum kënne si sech permanent weiderbilden.

Als Lëtzebuerger Betrib spigelt FACT SECURITY SARL d’Villsäitegkeet vum Land erëm. Bei eis ass d’Gläichstellung vu Mann a Fra eng Realitéit. Mir wielen eis Mataarbechter opgrond vun hire Kompetenzen aus, onofhängeg vun Alter, Geschlecht an Nationalitéit. Eise Méiwäert ass d’Diversitéit.

D’Qualitéit vun eisen Déngschtleeschtungen hänkt vum Wuelbefanne vun eise Mataarbechter of. Duerfir suergt FACT derfir, datt sech d’Personal wuelfillt an a senger Aarbecht motivéiert bleift. D’Resultat ass eng extrem niddreg Fluktuatioun vu Mataarbechter.