D’sozial Verantwortung vun de Betriber

EIS RESPONSABILITÉIT ALS BETRIB

De Respekt géintiwwer jiddwerengem huet zu de fundamentalen Elementer bei der Grënnung vu FACT gehéiert a muss sech an eisem betriblechen Alldag erëmspigelen: Als Betrib hu mir eng sozial Verantwortung. Mir versichen eis Leeschtungen op sozialem an ökologeschem Niveau ze verbesseren an net nëmmen eis Mataarbechter, ma och eis Clienten, Fournisseuren a regional Noperen op hir Verantwortung opmierksam ze maachen. Eise Wëllen, eng aktiv Roll ze spillen, huet sech zu eiser Stäerkt entwéckelt.

ËMWELTSCHUTZ

Als gesellschaftlech engagéierte Betrib, dee fest a senger sozialer Ëmwelt verankert ass, ass sech FACT och senger sozialer an ökologescher Verantwortung bewosst. Eng verantwortungsvoll Geschäftsféierung ass fir eis weesentlech an huet e staarken Afloss op d’Aart a Weis, wéi mir eis Aktivitéiten ausféieren. Mir entwéckelen eis bannent engem gereegelte Kader, deen eist soziaalt an natierlecht Ëmfeld respektéiert.

Fir dëser Verflichtung nozekommen an eisen ökologesche Foussofdrock kleng ze halen, huet FACT sech en Ëmweltmanagementsystem ginn, mat deem verschidden Ziler sollen ëmgesat ginn:

  • d’Reduktioun vum Energieverbrauch,
  • d’Optimiséierung vun eisem Recycling-System,
  • d’Ënnerstëtze vun der Biodiversitéit duerch Bedeelegung un engem Projet fir Blummewisen,
  • de Schutz vun Insekten, déi Bléie bestäuben, duerch e Parrainage vu Beiebicken.

Fir dëse Managementsystem striewe mir eng ISO 14001-Zertifizéierung un.

VERTEIDEGUNG VUN DER SOZIALER KOHÄSIOUN

A puncto sozial Verantwortung schafft de FACT GROUP mat der Adem zesummen. D’Relatioun mat eise Mataarbechter baséiert op géigesäitegem Vertrauen. Obschonns de Betrib ëmmer méi wiisst, bleift de mënschlechen Aspekt bei eis eng Realitéit.

Eist Zil ass, eis Relatioune weider ze verbesseren an d’Firmephilosophie wéi och dat positivt Denken an all Optrag an och bei der Auswiel vun eise Mataarbechter zum Droe kommen ze loossen.

Fir dës Kohäsioun ze erhalen an eis besser an dat lokaalt Veräinsliewen ze integréieren, maachen eis Sportequippe bei verschiddenen Evenementer (Marathon, Futsal …) an Team-Building-Sessioune mat a ginn och emol zesummen iessen.
D’Kohäsioun an déi géigesäiteg Ënnerstëtzung sinn zwee Grondwäerter vun eisem Grupp. Bei FACT bleift et hei net bei der Theorie: Mir applizéieren se Dag fir Dag um Terrain!