Wee mir sinn

De FACT GROUP, dat si véier Familljebetriber, déi komplementär Déngschtleeschtungen am Beräich vun der Sécherheet ubidden. Gegrënnt gouf de FACT GROUP viru geschwënn 20 Joer vum Yves BASTIN.

Seng vernetzten Organisatioun erlaabt et FACT, déi nämmlecht Leeschtunge wéi déi méi grouss Konkurrenten unzebidden. Dobäi bleift de Client ëmmer am Mëttelpunkt. Vertrauen, Lauschterbereetschaft, Stabilitéit, Erreechbarkeet, Respekt: Eist Zil ass eng laangfristeg Partnerschaft mam Client.

Dëst Zil erreeche mir engersäits duerch eis Aarbechtsmethod an eis vernetzten Organisatioun, déi eng stëmmeg Zesummenaarbecht tëscht eise verschiddenen Aufgabeberäicher garantéiert, an anerersäits duerch eis Firmephilosophie, déi op de Client ausgeriicht ass an Déngschtleeschtungen op Mooss ubitt, déi sech ënner anerem auszeechnen duerch eng héich Flexibilitéit a Reaktivitéit, e qualitativ héichwäertege Suivi vun den Déngschtleeschtungen, een an deeselwechten Uspriechpartner fir all Client, a pragmatesch Léisungen, déi op eisen Erfarungen um Terrain baséieren an op Är konkret Bedürfnisser u Sécherheet ofgestëmmt sinn.

Den Erfolleg vun all Partnerschaft steet a fält mat der Qualitéit vum Personal, dat mir Iech zur Verfügung stellen. Duerfir gi mir eis besonnesch Méi bei der Auswiel vun de Mataarbechter a leeë vill Wäert op hir Ausbildung an hiert Wuelbefannen. Bei FACT sinn d’Mataarbechter keng Nummer, mee Leit mat engem Gesiicht an engem Numm.

D’Sécherheet ass e seriöe Beruff a gëtt vu FACT flichtbewosst an op eng gesellschaftlech responsabel Manéier ausgefouert, am Aklang mat deem, wat eng modern, oppen a multikulturell Gesellschaft ausmécht.

Vertrauen, Lauschterbereetschaft, Stabilitéit, Erreechbarkeet a Respekt sinn déi fënnef Wäerter, op där d’Partnerschaft mat eise Clienten an d’Relatioun mat eise Mataarbechter opbaut.