International - Global Securalliance

Global Securalliance: dat éischt weltwäit Netz fir privat Sécherheetsdéngschter

18 onofhängeg Sécherheetsfirmen an Europa, Asien an Afrika hunn sech zesummegedoen, fir dat weltwäit Netz Global Securalliance (GSA) ze grënnen.

D’Zil vum Grupp: Offre bei internationalen Ufroe kënnen ze maachen

Déi aktuell Memberen hunn 2016 e Gesamtëmsaz vu 760 Mio. Euro gemaach, dat si 46 Milliounen Aarbechtsstonnen a 610.000 Sécherheetsronnen, opgedeelt op 495.000 Interventiounen no Alarm, 68.000 Ronnen, fir d’Gebaier op- an zouzespären an 23.000 Déngschtleeschtungen am Beräich vun der Schlësselverwaltung, dat fir 7.600 Clienten. Zesumme schaffe méi wéi 72.000 Sécherheetsagente fir de Grupp.

Entreprisë vun all Gréisst

De Grupp huet vir, seng territorial Vernetzung ze vervollstännegen; zur Zäit lafe Gespréicher mat Firmen an den USA, Australien, Latäinamerika – Brasilien, Argentinien an Uruguay – an och der Ukraine a Bulgarien.

Bei den Entreprisen, déi zur Securalliance gehéieren, ginn et méi kleng Strukture mat engem Ëmsaz vu just e puer Milliounen, dat virun allem an de klengen europäesche Länner, méi grouss Entreprisen um nationale Maart wéi BSL a Frankräich, FACT Security an der Belsch (an zu Lëtzebuerg), Total Security Services a Groussbritannien, oder Entreprisë mat Leaderpositioun ewéi lvri an Italien mat engem Ëmsaz vun ongeféier 200 Milliounen Euro. Member ass och déi wirtschaftlech Interessegemeinschaft Securalliance fir Frankräich; zu hir gehéiere sechs Entreprisen, dorënner BSL.

D’Membere vu Global Securalliance

FACT Security (Belsch), 2001 gegrënnt, 700 Mataarbechter. FACT Security (Lëtzebuerg). BSL (Frankräich), 1990 gegrënnt, 800 Mataarbechter. Securalliance (Frankräich) GIE, 2013 gegrënnt, mat sechs Entreprisen (dorënner BSL) a méi wéi 2.000 Mataarbechter. lmpel (Polen). Starco Security Ltd. (Schwäiz), 1994 gegrënnt, 601 Mataarbechter. Synergy Security Solutions (Irland), méi wéi 1000 Mataarbechter. Total Security Services (Groussbritannien), 1989 gegrënnt, 3.000 Mataarbechter. PSA Security Management (Däitschland), 1992 gegrënnt. lvri (Italien), 7.200 Mataarbechter, 40 Agencen, 1.300 Gefierer. Seguriber (Spuenien). MLM Protection (Israel). China Cityguard Security & Services (China), 2005 gegrënnt. Top Beveiliging (Holland), 1996 gegrënnt. Elite Security (Russland), 1997 gegrënnt, 25 Agencen. PSG Turva (Finnland), 300 Mataarbechter. Prestige Security (Dänemark), 2012 gegrënnt. Ensure Security (Südafrika), 1970 gegrënnt.

Besicht de Global Securalliance Site      Securalliance logo

Securalliance map